D’BnL empfänkt méi wéi 600 Lieser pro Dag an ass domat e wichtege Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Dir kommt bei eis fir ze léieren, ze recherchéieren oder einfach just e rouege Moment ze genéissen.
2023 wëlle mir nach méi mat Iech interagéieren an Iech eis Visioun esou ewéi och d‘Projeten un deene mir schaffe méi no bréngen. Dofir proposéiere mir eng Spriechstonn mam Claude D. Conter, dem Direkter vun der Nationalbibliothéik, wou Dir net just Froe stellen, mee och Är Iddie fir d’BnL äussere kënnt.
Wéi eng Zeitungen digitaliséiere mir deemnächst? Firwat huet de Portal a-z.lu am November 2022 geännert? Firwat kann ee verschidden Dokumenter net mat heem huelen? D‘BnL steet Iech Ried an Äntwert de 4. Februar 2022 ab 11 Auer.
La BnL accueille plus de 600 lecteurs par jour et constitue ainsi un élément important de la société luxembourgeoise. Vous venez chez nous pour apprendre, faire des recherches ou tout simplement pour profiter d'un moment de calme.
En 2023, nous voulons interagir davantage avec vous et aimerions vous présenter notre vision ainsi que les projets sur lesquels nous travaillons. C'est pourquoi nous vous proposons une consultation avec Claude D. Conter, le directeur de la Bibliothèque nationale, où vous pourrez non seulement poser des questions, mais aussi exprimer vos idées pour la BnL.
Quels journaux sommes-nous en train de numériser? Pourquoi le portail a-z.lu a-t-il changé en novembre 2022 ? Pourquoi ne peut-on pas emporter certains documents chez soi ? Nous vous donnerons la parole le 4 février 2023 à partir de 11h.
Bibliothèque nationale du Luxembourg